Trump, Clinton a Gates: Weider Fotoen aus der Sammlung vum Jeffrey Epstein verëffentlecht

An der Affär ëm de Sexualverbriecher Epstein hunn d'Demokrate weider Fotoe publizéiert. Op dräi Biller ass den aktuellen US-President Donald Trump ze gesinn, deels och zesumme mat ënnerschiddleche Fraen, déi net vill un haten.