Cour de justice vun der EU huet decidéiert: Frontalieren, déi a Patchwork-Famill liewen, hunn e Recht op Kannergeld aus dem Grand-Duché

Zéng Joer laang war d'Affär viru Geriicht, bis d'Cour de justice vun der EU decidéiert huet, datt och Frontalieren, déi an enger Patchwork-Famill liewen an zu Lëtzebuerg schaffen, e Recht op d'Allocatiounen aus dem Grand-Duché hunn.