Eng Persoun gëtt nach vermësst: Zwee Doudeger no staarkem Reen a Stuerm am Süde vu Spuenien

An der Regioun Malaga huet et e Sonndeg 12 Stonne laang staark gereent. Wéi an engem Video ze gesinn ass, gouf et méi ëstlech zu Murcia nieft dem ville Reen och e Wierbelstuerm.