Temoignage vum Eliot Thelen: Brandkatastroph zu Crans-Montana "war eng Horrorzeen"
Bei der Brandkatastroph zu Crans-Montana an der Schwäiz gouf ee Lëtzebuerger liicht blesséiert, een anere war deen Owend och am Duerf. Déi zwee hunn eis erzielt, wéi si d'Tragedie erlieft hunn.