Cyclocross zu Mol: Victoire fir de Mathieu van der Poel, d'Wantersaison fir de Wout van Aert no Chute eriwwer

De Belsch war am Schnéi gefall, hat nach probéiert weiderzefueren, huet méi spéit awer missen opginn. De van der Poel war nees net ze schloen.