Lëtzebuerger Bauere bleiwe kritesch: Mercosur-Accord kéint geschwënn an dréchenen Dicher sinn

De Mercosur-Fräihandelsaccord kéint schonn nächste Méindeg gréng Luucht kréien, dat nodeems d'EU-Kommissioun op enger ausseruerdentlecher Reunioun vun den EU-Agrarministeren nei Zougeständnesser an zousätzlech Milliarde fir d'Baueren ugekënnegt huet, fir déi néideg Majoritéit an de Memberstaaten ze kréien.