De Richard Linklater ass zanter iwwer 30 Joer eng fest Gréisst am amerikaneschen Auteurskino. Seng Filmographie beweegt sech tëscht klengen, dialoggedriwwene Filmer an zougängleche Mainstream-Projeten, ouni jee seng Handschrëft ze verléieren. "Blue Moon" steet an där Kontinuitéit: e reduzéierte Film, deen op Text, Spill a Präsenz setzt.