Léierpersonal midd an ausgebrannt: Enseignantsgewerkschaft SNE wëll ënnert dem Motto "NETesou" en Zeeche setzen
D'Gewerkschaft verdeelt Pinne mat engem ëmgedréinte Smiley, deen SNE-Memberen an all dat onzefriddent Léierpersonal sech uspéngele sollen. Och Autocollante mam Slogan an deem Message "NETesou" gehéieren zu der Campagne.