RTL-Faktencheck: Bréngt neie Projet vum Xavier Bettel de Leit bis zu 800 Euro den Dag?

RTL-Faktencheck Bréngt neie Projet vum Xavier Bettel de Leit bis zu 800 Euro den Dag? Video An de Soziale Medie mécht aktuell e Video den Tour, an deem en RTL-Reportage Reklamm fir e Projet vum Xavier Bettel ze maache schéngt. Et handelt sech allerdéngs ëm eng Fälschung. An engem gefälschten RTL-Bäitrag , deen an de soziale Medien den Tour mécht, schéngt d’Noriichtespriecherin Mariette Zenners ze soen, datt et laang Schlaange gouf, nodeem de Vizepremier Xavier Bettel säin neie Projet annoncéiert huet, mat deem d’Leit bis zu 800 Euro den Dag kënne verdéngen. Dausende Leit hätten deemno schonn tëscht 20.000 a 35.000 Euro gewonnen, esou héiert een d’Journalistin weider, déi dann op e Videoclip mat Aussoe vum Xavier Bettel verweist. Den Ausseminister a Vizepremier schéngt ze annoncéieren, datt d’Leit, déi dëse Message gesinn, hiert d’Liewe “radikal” kënne veränneren a Millionär kënne ginn, dat esouguer nach virum Enn vum Joer. Fir eng limitéiert Zäit wier de Projet vum Xavier Bettel exklusiv fir d’Leit aus dësem Land accessibel. Dofir misst ee just 200 Euro investéieren, fir tëscht 20.000 an 30.000 Euro ze gewannen. Den automatesche System, deen de Vizepremier op d’Been gestallt soll hunn, leeft automatesch an et brauch ee selwer keng Kompetenzen. Awer wéinst technesche Limitatioune kann een net jiddereen unhuelen. Déi awer, déi ugeholl ginn, kënne mat engem stabelen Akommes bis un d’Enn vun hirem Liewe rechnen: 800 Euro den Dag, 6.000 Euro an der Woch oder bis zu 30.000 Euro am Mount. Et bräicht ee sech keng Suerge méi ëm Aarbecht ze maachen, esou d’Wierder, déi een am Video ze héiere kritt. De Projet wier, den Aussoen am Video no, och offiziell vun der Regierung ofgeseent a vun der Nationalbank gedeckt. Et wier wichteg, séier ze handelen a sech anzeschreiwen. Dofir misst een op de Link ënnert dem Videomessage, deen an de Soziale Medien den Tour mécht, klicken, dann de Formulaire ausfëllen an op den Uruff vum Spezialist waarden, deen engem confirméiert, datt et geklappt huet, an engem Accès op de System gëtt. Obwuel am Video behaapt gëtt, datt de Projet vun der Regierung ofgeseent wier, féiert de Link awer net op eng offiziell Säit vum Gouvernement respektiv emol net op eng Domaine, déi hei zu Lëtzebuerg registréiert ass. De Link geet op conasataez.com. Sicht een no der Säit iwwer Google, fënnt een d’Säit net. Freet een d’KI, wat déi driwwer weess, kënnt direkt eng Warnung. Esou seet de Copilot vu Microsoft: “ Ich habe nach conasataez.com gesucht, aber es taucht in keiner seriösen Quelle auf und liefert keine direkten Treffer. Das ist ein starkes Warnsignal, denn legitime Unternehmen oder Shops hinterlassen normalerweise Spuren im Web – Bewertungen, Social‑Media‑Profile, Firmenregister, irgendetwas. ” Änlech gesäit dat och d’KI vu Google “ Conasataez.com scheint nach aktuellem Stand (Januar 2026) keine aktive oder bekannte Website für Kartenspiele oder Handel zu sein. Es gibt keine offiziellen Aufzeichnungen, die diese Domain mit seriösen Diensten in Verbindung bringen.” Béid Systemer warnen also indirekt, fir op dëse Link ze klicken. Si ginn och verschidden Alternative vu Säiten un, déi änlech geschriwwe ginn an och iwwer Google ze fanne sinn. Déi Säiten hunn awer alleguer näischt mat engem Projet vun der Lëtzebuerger Regierung ze dinn. Den Ufank vum dësem Fake-Video, op deem d’Mariette Zenners de Xavier Bettel lancéiert, staamt aus dem Journal vum 17. November 2025 . Dëst kann ee souwuel un de Kleeder vun der Moderatrice, wéi och der Placéierung vum Mikro an den Neel vun der Noriichtespriecherin erkennen. D’Positioun vun der Journalistin wéi och d’Beweegungen deiten drop hin, datt een de d’Ofmoderatioun vum Invité vun der Redaktioun vun deem Dag, am Video vu 6 Minutten a 46 Sekonne bis 7 Minutten an 10 Sekonnen, genotzt huet. D’Fälscher hunn awer d’Bildbreet däitlech méi kleng gemaach an den RTL Logo nei a méi grouss dragesat. Da gouf d’Stëmm och manipuléiert. Wärend d’Mariette Zenners am Originalvideo Lëtzebuergesch schwätzt an d’Thema d’Gesondheetswiesen am Grand-Duché ass, héiert een d’Journalistin am mat KI-manipuléierte Bäitrag Franséisch schwätzen an eben, wéi uewe schonn erwäänt, iwwert de Projet vum Vizepremier Xavier Bettel. D’Moderatiounen am Journal vun RTL Lëtzebuerg sinn a bal alle Fäll op Lëtzebuergesch, eenzeg bei auslänneschen Invitéë live am Studio kann et virkommen, datt d’Froen an de Sprooche gestallt ginn, déi d’Invitéen och selwer schwätzen. D’Evenement, vun deem d’Bildmaterial vum Xavier Bettel staamt, war de 17. an 18. Juni 2025 an der Luxexpo um Kierchbierg. Hei war den Ausseminister ee vun de Riedner, déi invitéiert waren, an huet mat sengem kuerze Speach iwwer Leadership an iwwer déi nei Technologien d’Evenement u sech opgemaach. Well den Extrait, dee vun der Ried benotzt gouf, an der Breet vum Bild esou limitéiert war, hate verschidden Hëllefsmëttel, wéi Google Lens, Problemer, den Originalvideo ze fannen. Eng traditionell Sich iwwer Google, andeem ee Xavier Bettel a Speach an der Sichfunktioun aginn huet, huet een dunn op d’Opening Ceremony vun @Nexus Luxembourg 2025 bruecht. Vergläicht een hei dann den Hannergrond, d’Kleedung an d’Beweegunge vum Vizepremier, awer och ganz wichteg, de kuerze Cut op de Public, fënnt een all déi Saachen esouwel am gefälschte Video, deen d’User op e Fake-Link féiere wëll, wéi och am Original zeréck. Doduerch kann ee sech da sécher sinn, datt d’Fälscher Extraite vun dëser Ried genotzt hunn, fir hire Message weiderzeginn. Ma och hei schwätzt den Ausseminister net Franséisch am original Bildmaterial, mä seng Ried vun eppes iwwer véier Minutten ass op Englesch. An hei geet et eben net ëm säin angeebleche grousse Projet, mat deem d’Leit sollen zéngdausenden Euro de Mount verdénge kënnen, mä ëm Féierungskräften an enger Welt, déi sech séier verännert, an ëm d’Roll vu Lëtzebuerg an der aktueller Weltpolitik. De Video, deen an de soziale Medien den Tour mécht, ass gefälscht. Weder gouf et en RTL-Reportage, deen e Projet vum Xavier Bettel annoncéiert huet, mat deem een zéngdausenden Euro pro Mount ka verdéngen, nach huet de Vizepremier an Ausseminister dëst perséinlech annoncéiert. Mat verschiddenen Indicë kann een dës Fälschung awer séier erkennen: D’RTL-Noriichtespriecherin Mariette Zenners schwätzt Franséisch an net, wéi normalerweis am Journal, Lëtzebuergesch. De Xavier Bettel schwätzt zwar an Interviewen och emol gäre Franséisch, ma seng Beweegungen, grad vum Mond, sinn am gefälschte Video net ganz flësseg a verschidde Frequenzen, wéi déi vun de Spectateuren am Sall, gi widderholl. Och de Link, deen op eng komesch Säit ze féiere schéngt, déi näischt mat der Regierung oder Lëtzebuerg ze dinn huet, ass e weideren Indice, datt et sech hei ëm eng Fälschung handelt, mat där Onéierlecher probéieren, fir un d’Daten an d’Sue vun de Leit ze kommen.