"Éischten Dag war direkt eng grouss Enttäuschung": De Robi Gales huet e Liewe laang op der Arbed Belval geschafft

38 Joer huet de Robi Gales op der Schmelz um Belval geschafft. Säi Papp a seng zwee Bridder hunn och bei der Arbed hiert d'Brout verdéngt. Am Joer 1995 goung de Schmelzaarbechterjong an d'Pensioun.