RTL-Faktencheck Brauch een eng Lëtzebuerger Adress, fir eng ".lu"-Domaine ze kréien? Wann een eng Internetadress mam Domaine ".lu" agëtt, rechent een u sech domadder, op enger Lëtzebuerger Säit erauszekommen. Et kéint ee sech d’Fro stellen, ob een net zu Lëtzebuerg muss wunnen oder ob eng Firma net zu Lëtzebuerg muss registréiert sinn, fir eng Lëtzebuerger Internetadress ze kréien? Dat ass awer net de Fall. Bis 2009 nach, esou den Direkter vu Restena Gilles Massen “ huet den administrative Kontakt fir en Numm missen eng Lëtzebuerger Adress hunn, dat ass awer aus praktesche Grënn fale gelooss ginn. ” Haut ginn et awer nach verschidden technesch Contrainten , déi ee respektéiere muss, wann een eng Lëtzebuerger Internetadress wëll ufroen. Dorënner falen d’Formater, wéi den Numm kann opgestallt sinn, wéi ënner anerem, datt den Numm tëscht 1 an 63 Zuelen oder Buschtawen kann hunn an och de Prinzip vum “Éischten ass vir”. Et ginn awer keng Contrainten, “ wat d’Situatioun vum Titulaire ugeet ”. Restena huet dann hei am Land den technesche Monopol, wat d’Gestioun vun der Datebank vun den ".lu"-Domainer ugeet an d’Fondatioun muss och d’Unicitéit garantéieren. “ All '.lu'-Numm ass also an eiser Datebank enregistréiert ”, confirméiert den Direkter. Dat heescht awer net, datt jiddereen, deen eng ".lu"-Domaine wëll hunn, och direkt iwwer Restena, also “ my.lu ” muss fueren. “ Eng Persoun oder Firma, déi en Domän wëll enregistréieren, adresséiert sech un e Bureau d’enregistrement, deen den eigentleche visibelen Interface zum Client ass. Vun deene Bureaux d’enregistrement ginn et der ongeféier 50, déi och ".lu"-Nimm kënnen enregistréieren. ” Egal iwwer wéi ee Wee een déi Lëtzebuerger Domaine ufreet, definitiv ass déi eréischt, “ wann en an eiser (Registry-)Datebank ukomm ass ”, präziséiert nach de Gilles Massen. Deemno wou een am Ausland ënnerwee ass, ass ee gäre Mol iwwerrascht, wann een an engem Geschäft oder op engem Auto eng Internetsäit gesäit, déi mat ".lu” ophält. Eng Raritéit ass dëst awer net, wéi eis den Direkter vu Restena confirméiert. “ Zirka 54.000 vun den Nimm sinn op Persounen aus dem Ausland registréiert” , erkläert de Gilles Massen. Setzt een dat an de Kontext, sinn dat ronn 45 Prozent vun all den 119.000 Internetadressen, déi mat der Domaine ".lu” ophalen. Beschränkt ee sech da just op d’Personnes morales, ass deen Taux nach e bësse méi héich. “ Wann een nëmmen d’Firme kuckt, sinn dat ongeféier 42.500 Säiten ”, wat ronn 47 Prozent vun all de Personnes morales ausmaachen. Déi meescht vun den ".lu"-Säite sinn also zu Lëtzebuerg registréiert. Dohannert kommen da Frankräich mat ronn 10 Prozent, also eng 12.000 Säiten, d’Belsch mat 9 Prozent, 10.000 Säiten, Däitschland mat 7 Prozent, 9.000 Säiten an Holland an d’USA mat 4 respektiv 3 Prozent. Duerno fält et op d’Länner gekuckt zimmlech séier of. Dëse Ranking huet sech an de leschte Jore verännert, well eng laang Zäit war d’Belsch dat Land, an deem nom Grand-Duché déi meescht ".lu"-Domainer registréiert waren. E méi exotescht Land, an deem et ".lu"-Domainer ginn, ass fir de Gilles Massen, deen awer kloer mécht, datt dës Äntwert reng subjektiv ass, China. Dat den Domaine aus dem Grand-Duché do beléift ass, kéint een drop zeréckféieren, datt Lu en heefege Familljennumm am Land mat den zweetmeeschten Awunner op der Welt ass. Restena ass eng Fondatioun aus dem Grand-Duché, där hir Aufgab et ass, d’Leit ze vernetzen. Dofir stellt een Netzwierker, esou wéi Sécherheetsdéngschter am Optrag vun der Fuerschung an der Bildung zu Lëtzebuerg bereet, awer och fir d’Gesondheets- an d’Kulturberäicher wéi och fir d’Verwaltungen. Weider verwalt Restena d’Infrastruktur vun den “lu"-Domainer. An der Zentralschwäiz gëtt et eng Baufirma mat enger Lëtzebuerger Domaine. Op Nofro bei der Firma Schmid krut RTL dozou och eng Erklärung. Eng aner Firma mam Numm Schmid war méi séier an hat sech den Domaine “schmid.ch” geséchert, seet d’Karin Frauenlob. Dowéinst huet ee sech op d’Sich no enger anerer Domaine gemaach, déi bei d’Firma géif passen. An dobäi ass een op d’Endung vu Lëtzebuerg getraff. “ D’Endung ‘lu’ huet perfekt bei eis gepasst, well mir eis tatsächlech op d’Marketinggebitt vun der Zentralschwäiz - besonnesch Luzern - konzentréieren ”. Et war also fir d’Firma Schmid déi sënnvollst Léisung. “ An antëscht si mer net just als Schmid, mä och als schmid.lu gutt bekannt ”, esou hir Kommunikatiouns- a Marketingcheffin weider.