Faktencheck: Dës Fotoe weisen net d'Amerikanerin Renée Good, déi vun ICE-Polizist zu Minneapolis ëmbruecht gouf

Faktencheck Dës Fotoe weisen net d'Amerikanerin Renée Good, déi vun ICE-Polizist zu Minneapolis ëmbruecht gouf Den Doud vun der Renée Nicole Good, enger amerikanescher Fra a Mamm, déi de 7. Januar erschoss gouf, wéi si wärend enger Razzia vun der Immigratiounsagence ICE zu Minneapolis an hirem Auto souz, huet an de Vereenegte Staate vill Emotiounen ausgeléist. No der Dot hunn Internetnotzer séier Fotoe vum Affer verëffentlecht. Ënner de Fotoen, déi online kurséiert sinn, sinn awer och zwou Fotoe vu Fraen, déi näischt mat dem Virfall ze dinn hunn: d’Schrëftstellerin Gabriela Szczepankiewicz an déi fréier WWE-Wrestlerin Renee Paquette. Zënter Dezember 2025 féiert d’ amerikanesch Immigratiounsagence (ICE) an de Vereenegte Staaten grouss ugeluecht Operatiounen duerch. De 6. Januar 2026 goufen zum Beispill 2.000 Polizisten op Minneapolis an an d’Viruerter geschéckt , fir eng Abberzuel Verhaftungen duerchzeféieren (Links hei an hei archivéiert). Bei enger vun dësen Operatiounen, de 7. Januar, gouf déi 37 Joer al Renée Good um Steier vun hirem Auto vun engem ICE-Beamten erschoss (Link hei archivéiert). D’Mamm hatt sech un enger Aktioun bedeelegt, fir eng Operatioun vun de federalen Agenten ze stéieren. No dësem Doudesfall huet den Donald Trump direkt d’Thees vun Noutwier vum Polizist verdeedegt. Eng Versioun, där besonnesch vun den Demokraten an de Responsabele vun der Stad Minneapolis mat Videoen als Beweismaterial vehement widdersprach gëtt. Den Doud vun der Renée Good huet eng Well vun Demonstratiounen am ganze Land ausgeléist - besonnesch zu Minneapolis, New York, Los Angeles a Boston - wärend d’amerikanesch Regierung den 11. Januar ugekënnegt huet, “Honnerte” vun zousätzleche Bundesagenten op Minneapolis ze schécken. An de Stonnen nom Doud vun der Renée Good koum et an de Sozialen Netzwierker zu beweegten Debatten a Spekulatiounen iwwer hir politesch Usiichten an hiert Privatliewen. An dësem Zesummenhang goufen eng Rëtsch Biller, déi als Fotoe vum Affer duergestallt goufen, am Internet verbreet. D’AFP konnt e puer vun dëse Biller iwwerpréiwen. “ D’Renee Nicole Good ass d’US-Biergerin, déi haut zu #Minneapolis vun der ICE erschoss gouf, obwuel si zum Zäitpunkt vum Virfall keng Gefor fir d’Beamte war ”, heescht et an engem Bäitrag op X, deen zënter dem 7. Januar e puer honnert Mol gedeelt gouf. Zum Text gehéiert eng Foto vun enger Fra mat kuerz geschniddenen, rosa gefierften Hoer, Lëppestëft an engem olivgrénge Pullover. Änlech Bäiträg, déi déi selwecht Foto mat dem Numm Renée Good a Verbindung bréngen, sinn an enger Rei Sproochen am Ëmlaf, dorënner Englesch , Chineesesch , Spuenesch , Polnesch a Portugisesch . Engersäits notzen e puer Internetnotzer dës Foto, fir dem Affer ze gedenken. Dem Faktencheck-Portal “Snopes” no gouf dës Foto souguer ausgedréckt an op e Plakat gepecht, dat bei enger Demonstratioun zu Chicago eropgehale gouf, fir “ Gerechtegkeet ” fir den Doud vun der Mamm ze fuerderen (Link hei archivéiert). Anerersäits hunn engleschsproocheg Internetnotzer, déi d’Virgoe vun den ICE-Beamte begréissen, dëst Bild a Memes benotzt, fir mat der Fra de Geck ze maachen , oder Kënschtlech Intelligenz (KI) agesat, fir nei Duerstellungen hierzestellen , déi vun der AFP iwwerpréift goufen. Der Meenung vun Experten no, déi vun der AFP kontaktéiert goufen, droen dës Kreatiounen zu enger Entmënschlechung an enger Sexualiséierung vum Affer bäi (Link hei archivéiert). Verschidde Publikatioune si Montagen, déi d’Fra entbléissen a mat enger neier Beaarbechtungsfunktioun vum KI-Tool Grok erstallt goufen (Grok ass en Tool, dat vum Elon Musk senger Entreprise entwéckelt gouf, Um. v. d. Red.). Dës Praxis huet international grouss Besuergnis ausgeléist (Link hei archivéiert). Aner Biller weise si a besonnesch gewalttäteger Manéier, besonnesch a Form vun engem Sprangbuer , aus deem Waasser aus engem Lach an hirem Hals leeft, oder wéi si um Buedem läit , wärend e Polizist hiren Hals mam Knéi fixéiert . Dës Inzenéierung erënnert un den Doud vum George Floyd am Joer 2020 zu Minneapolis, dee bei senger Verhaftung duerch e wäisse Polizist erstéckt war (Link hei archivéiert). Mee d’Fra op dëse Biller - ob echt oder mat KI generéiert - ass net d’Renée Good . Déi echt Foto vun hir gouf vun enger Rei amerikanesche Medie verëffentlecht, dorënner d’ Minnesota Star Tribune (Link hei archivéiert). Duerch eng ëmgekéiert Billersich konnt d’AFP d’Persoun identifizéieren, där hiert Bild mëssbraucht gouf. Et handelt sech ëm d’ Schrëftstellerin Gabriela Szczepankiewicz . D’Konfusioun schéngt op e Facebook-Bäitrag vum 1. Abrëll 2020 zeréckzeféieren ze sinn, dee vum Englesch-Departement vun der Old Dominion University staamt an an deem d’Gabriela Szczepankiewicz (eng Studentekomerodin vum Affer) an d’Renée Good ernimmt ginn, woubäi hir Fotoen niefteneen opdauchen (Link hei archivéiert). An dësem Bäitrag goufen d’ Gewënner vum Poesiepräis vun der Universitéit fir d’Joer 2020 bekannt ginn: d’Gabriela Szczepankiewicz krut eng luewend Erwänung op Bachelor-Niveau, wärend d’ Wierk vun der Renée Good an der selwechter Kategorie gewonnen huet (Links hei an hei archivéiert). An der Publikatioun gëtt d’Renée Good ënner dem Numm “Renée Nicole Macklin” geféiert, well si virdru mam Timmy Ray Macklin Jr. bestuet war, deen der Minnesota Star Tribune no 2023 verstuerwen ass. An engem Communiqué vum 7. Januar 2026 huet de President vun der Old Dominion University matgedeelt, dass d’Renée Good, déi hien als “ Renee (Macklin) Good ” bezeechent huet, am Dezember 2020 en Diplom am Englesche kritt hat (Link hei archivéiert). Doriwwer eraus kënnt an engem Videogespréich vun 2024 op YouTube tëscht der Gabriela Szczepankiewicz an dem Anders Nolan , Dozent op der Old Dominion University, zur Sprooch, dass si hiren Ofschloss 2021 a Kreativem Schreiwen an Englesch gemaach hätt (Links hei an hei archivéiert). Schlussendlech huet och eng Internetsäit, op där e Gedicht vun der Gabriela Szczepankiewicz verëffentlecht gouf, si deemools als Studentin vun dëser Institutioun virgestallt (Link hei archivéiert). Aner Bäiträg a Sozialen Netzwierker behaapten, Fotoe vun der Renée Good mat hire Kanner ze weisen. “ Si housch Good. Si gouf vun ICE-Mataarbechter ëmbruecht. Fir d’Trump-Regierung, déi dëse Mord leegent, war dës Fra, dës Mamm, eng ‘geféierlech Terroristin’. Awer wie kann esou en Onsënn gleewen? #minneapolis Deelt dës Foto, well d’Komplizen haassen dat! ” Dat behaapt en Internetnotzer op Facebook an engem Bäitrag, deen zënter dem 9. Januar e puer honnert Mol gedeelt gouf. Änlech Norichte sinn op Facebook a Threads an enger Rei Sproochen am Ëmlaf, dorënner Englesch , Spuenesch , Polnesch a Portugisesch . Mee d’Fra op dëse Biller ass iwwerhaapt net d’Renée Good, mee d’Renee Paquette , eng fréier WWE-Wrestlerin - der wichtegster Wrestling-Liga an de Vereenegte Staaten -, déi der Ëffentlechkeet ënner dem Numm “Renee Young” bekannt ass (Link hei archivéiert). D’Renee Paquette huet iwwregens direkt ënner engem vun de falsche Bäiträg op Englesch reagéiert , fir d’Fakte richtegzestellen: “ Falscht Renee. Mäi Bäileed un d’Famill ”, huet si den 8. Januar op X geschriwwen (Link hei archivéiert). D’Foto, déi d’AFP iwwerpréift huet, op deem d’Renee Paquette op de Knéien ze gesinn ass, wärend si hir Duechter ëmäermelt, gouf ursprénglech am Mäerz 2023 fir den Internationalen Dag fir Fraerechter op hirem Instagram-Kont verëffentlecht (Link hei archivéiert). Dat zweet Bild, op deem d’Renee Paquette hir Duechter op de Bak kësst, gouf 2024 am selwechte Sozialen Netzwierk gedeelt (Link hei archivéiert). D’AFP huet schonn e KI-generéierte Video iwwerpréift, dee fälschlecherweis der Renée Nicole Good zougeschriwwe gouf. Dat an engem aneren Artikel . Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.