"Chemin cyclable": Méi Plaz fir de Vëlo op der Strooss tëschent Alzeng a Siren

Den nationale Reseau vun de Vëlosweeër soll weider wuessen: vun den Ament 600 op geplangten 950 Kilometer. E Méindeg e Moie war zu Alzeng den éischte Spuedestéch fir e weidert klengt - awer net onwichtegt - Puzzlestéck an dësem Reseau.