Commentaire vum Claude Zeimetz: Refugees not welcome

Loftalarm, Dag an an Dag aus. Dronenattacken, Doud an Zerstéierung, Leit, déi an äiseg kalen an däischtere Wunnengen hausen... Dat ass d’Situatioun den Ament an Deeler vun der Ukrain, wou de russeschen Ugrëffskrich dës Woch an dat fënneft Joer gaangen ass. An offizielle Riede bleift d’Ënnerstëtzung fir Kiew ongebrach, well d’Ukrain zanter véier Joer elo scho fir eis Fräiheet matkämpft, gëtt gesot. An der Realitéit ass dat awer net ëmmer sou eendeiteg. Wann en Zermürbungskrich op Repressiounspolitik trëfft. E Commentaire vum Claude Zeimetz