Nodeems zwee Rapatriementsflich aus dem Noen Osten en Donneschdeg um Findel gelant sinn, huet de Luxair-Generaldirekter Gilles Feith vun enger grousser Koordinatioun geschwat an ënnerstrach, datt een houfreg wier, d'Lëtzebuerger a kuerzer Zäit a Sécherheet bruecht ze hunn.