Neit Léiermaterial fir de Fondamental: Mat "MATHI" zu méi Freed a Verständnis an der Mathematik

Eng nei didaktesch Approche soll de Mathematiksunterrecht am Fondamental méi verständlech a méi accessibel maachen: Mam neie "MATHI"-Material wëll den Educatiounsministère de Kanner schonn an den éischte Schouljoren d'Freed un der Mathé an dat néidegt Selbstvertraue vermëttelen.