Den Iwwerbléck vum internationale Futtball: Bayern souverän, Réckschlag fir PSG a spéit Erléisung fir Real

Wärend de Leader Bayern sech mat 4:1 géint Gladbach duerchsetze konnt, gouf et fir PSG eng Néierlag géint Monaco. Real Madrid huet sech an der Nospillzäit virun engem weidere Punkteverloscht gerett.