Carte blanche vum Jean Huss: Playdoyer fir eng stark Friddensbeweegung

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer, Als eeleren, mee nach emmer un den politeschen Evenementer interesséierten Ex-Deputéierten hat ech bei dëser Carte Blanche e bësse Problemer, fir mech fir ee präzisen Thema ze entscheeden, an dat, well et an dëse schwéieren an oniwwersiichtlechen Zäiten eng ganz Rei vu brisanten Theeme gëtt, iwwert déi ee misst schwätzen, um nationalen, mee virun allem och um internationalen Niveau, woubäi international Entwécklungen evidenterweis och negativ national Repercussioune kënnen hunn: Stéchwuert Energie-, Bensinn- oder Gaspräisser.