Welt-Epilepsie-Dag: Eng Krankheet, déi vill Leit kennen an trotzdeem wéineg verstinn

Méi wéi 5.000 Mënsche sinn zu Lëtzebuerg vun Epilepsie betraff. Et ass domat eng vun den heefegsten neurologesche Krankheeten am Grand-Duché. Trotzdeem feelt et an der Bevëlkerung dacks u konkretem Wëssen.