Als lescht Ecurie huet dann och Aston Martin ee Méinden den Owend hier Lackéierung fir déi nei Saison presentéiert. Déi ass elo e bëssen anescht wéi nach zejoert, faarflech awer änlech. Een aneren ass och den Teamchef, d’Ecurie geet nämlech mam Stardesigner Adrian Newey an déi nei Saison an erhofft sech Grousses.