Intensiv Chambersëtzung: Wéi reagéiert d‘Politik op déi séier Changementer an der Aarbechtswelt?

D'Aarbechtswelt changéiert rapid an d‘Chamber huet e Mëttwoch probéiert mat der Vitess matzehalen. Dat mat zwou Adaptatioune vum Aarbechtsrecht an Diskussiounen iwwer d‘Kënschtlech Intelligenz an d‘Plattformaarbecht.