D’lescht Joer gouf et an enger ganzer Rei Gemenge Kaméidi a Problemer. Hesper, Dippech, Sandweiler, Konter, Wolz oder Bech si Beispiller, wou ëffentlech gestridde gouf a wou och deels de Buergermeeschter oder d’Buergermeeschtesch, an och Schäffen, hu missen zrécktrieden. Läit et um Eenzelen? Feele Kompetenzen? Oder léisst de System ze vill Feeler zou? D’Carine Lemmer bréngt an deem Kontext mol nees eng Kéier d’Iddi vun enger Territorialreform op den Dësch.